Verschwörungstheorien an der Bréifkëscht
09/03/2021
Déi lescht Woch goufen a villen Ecker vum Land Ziedele mat Verschwörungstheorien verdeelt. Dat krute RTL vu verschiddene besuergte Leit eragemellt.
Um Flyer gi PCR-Tester, den Notze vun de Masken a souguer d'Existenz vum Covid ugezweiwelt. Behaaptungen, déi d'Wëssenschaft widderleet.
