Temoignage vun enger Fra, déi 2016 vun Aleppo geflücht ass

27/03/2021

Dëse Mount virun 10 Joer ass mat banalen ëffentleche Protester a Syrien e Krich ugaangen, dee weltwäit Auswierkunge sollt kréien.

E Krich, deen zu enorme Flüchtlingsstréim an d’Tierkei, a Libanon, a Griicheland an an Däitschland gefouert huet, deen Europa an den Alldag vun der Terrorgefor gestierzt huet an deen zum groussen Erwäche gouf fir Rietsextremisten a Friemenhaass an domat d’Europäer gespléckt huet. Ronn 400.000 Mënsche sinn ëmkomm, elo wou de Krich a säin 11. Joer geet. D’Protester a Syrien hunn zu Homs an zu Deraa ugefaangen. D’Rima Abubaker hat deemools nach zu Aleppo am Norde gelieft.

Topics