En ausgetrëppelte Schong am Kaleidoskop Theater
04/05/2021
De Lëtzebuerger Dramatiker Jean-Paul Maes bréngt de Public mat sengen Aarbechte gären zum Laachen an zum Nodenken.
D'lescht Joer huet hien déi roueg Zäit vum Lockdown genotzt, fir en neit Theaterstéck ze schreiwen. "En ausgetrëppelte Schong" hat am Abrëll Première am Beetebuerger Kaleidoskop Theater. Eng Geschicht, an där et, ëm vill méi geet, wéi just eng turbulent Bezéiung.
