De Franz Fayot iwwert d'Weltexpo a Japan.

26/05/2021

Lëtzebuerg wäert 2025 op der Weltausstellung a Japan matmaachen a soll sech a 4 Joer als nohaltegt Land presentéieren.

Virun allem seng nohalteg an innovativ Wirtschaftsentwécklung soll ee nach besser promouvéieren, ënnert anerem am Beräich vun der Digitaliséierung. Dowéinst soll och e Lëtzebuerger Pavillon no de Reegele vun der Kreeslafwirtschaft gebaut ginn. De Käschtepunkt soll tëscht 12 an 32 Milliounen Euro leien.

Topics