Quartier Italien - e Quartier mat Geschicht

06/07/2021

Nach haut erënneren déi enk Gaassen e bëssen u kleng Uertschaften an Italien.

Déi traditionell Awunner aus Italien wunne gréisstendeels net méi am Quartier. Haut dominéiert déi portugisesch Communautéit. Ma och Familljen aus dem fréiere Jugoslawien an Immigranten aus Spuenien hunn hei en neit Doheem fonnt. Lëtzebuerger wunnen och hei. Och wann en Dënschdeg net méi de ganze Quartier fir d’italienesch Ekipp ass, beim Gigi am Restaurant gëtt d‘Squadra Azzurra ugefeiert.

Topics