Coronasteier? Dan Kersch dofir, Corinne Cahen dogéint
03/08/2021
Den LSAP-Aarbechtsminister hält un der Coronasteier fest, fir esou net déi allgemeng Steiere mussen z'erhéijen.
Fir déi héich Depense vun der Kris ze finanzéieren, dierft een op kee Fall allgemeng d'Steieren erhéijen, weder fir Privatleit nach fir Betriber. Zukünfteg Generatioune via Emprunt belaaschten, wier och keng Léisung. Duerfir sollen déi Betriber, déi wärend der Pandemie gutt geschafft hunn, méi an d'Staatskeess ginn, esou den Dan Kersch. Fir de Koalitiounspartner d'DP kënnt eng Coronasteier awer virun net a Fro.