En neit Doheem an der Buerg
05/10/2021
Un Hand vun engem Beispill an der Gemeng Jonglënster weist d'Asbl Life wat eng Gemeng a puncto Logement social ka gutt maachen.
De soziale Wunnengsbau hei am Land, huet méi wéi eng Schwieregkeet. Kloer ass, de Staat kënnt net no mat bauen, mä d'Gemenge mussen och op de soziale Mix an hiren Dierfer oppassen, dat mam Resultat, datt d'Ënnerbrënge vu Leit mat wéineg Akommes net wierklech gutt funktionéiert. Dobäi kommen d'Flüchtlingen mat offizieller Geneemegung fir hei am Land däerfen ze bleiwen.
