CovidCheck an de Betriber
08/11/2021
"Et gi Kompromëss-Méiglechkeeten", sou de Gilles Dall’Agnol.
"Dat lescht Covidgesetz leet keng Sanktioune fest fir Fäll, wou e Salarié refuséiere géing, säi QR-Code ze weisen." Gemengt ass de QR-Code, dee beleet, datt e geimpft, erëm gesond oder negativ getest ass. Dowéinst raisonéiert den Aarbechtsrechtler a generelle Prinzippien, sou de Gilles Dall’Agnol, Affekot a Spezialist am Aarbechtsrecht bei Allen & Overy am RTL-Interview.
