E gréngen EU-Label fir d'Atomenergie?

17/12/2021

Et ass keng nei Diskussioun, déi awer um EU-Sommet en Donneschdeg op e ganz neien emotionalen Niveau bruecht gouf.

Wärend ënner anerem Frankräich d'Atomenergie als "propper Energiequell" verdeedegt, wëlle Lëtzebuerg, Éisträich an och Däitschland dëst net ugesinn. Grond vun der Diskussioun op EU-Level, ob oder ob net d'Atomenergie eng propper Energiequell ass, sinn EU-Gelder, déi am Fall vun engem Jo kéinte genotzt ginn, fir Atomzentralen ze finanzéieren.

Well keng Eenegung fonnt gouf, gëtt dësen Debat elo um Niveau vun de Minister um EU-Energie-Conseil weidergefouert. Ma op deem Level brauch ee keng Eestëmmegkeet méi, mä eng qualifizéiert Majoritéit geet do duer.

Topics