Zanter 1 Woch herrscht Krich an der Ukrain

03/03/2022

1 Millioun Mënsche si schonn aus hirer Heemecht geflücht, déi éischt Grouss ukrainesch Stad ass ënner russescher Kontroll. Cherson ass gefall.

Um 19 Auer koum d'Nouvelle, dass Moskau a Kiew sech bei de Verhandlungen, déi en Donneschdeg erëm opgeholl goufen, op d'Schafe vun humanitäre Couloiren eens gi sinn, a Regiounen, wou besonnesch vill gekämpft gëtt. De franséische President Marcon ass iwwerdeems no engem Telefonsgespréich mam Kreml méi pessimistesch wéi jee... Den Iwwerbléck vum Dag mam Petz Bartz.

Topics