OECD-Rapport iwwer d'Gestioun vun der Corona-Kris
05/10/2022
Wéi huet Lëtzebuerg d'Covid-Pandemie an de Beräicher Gesondheet, Educatioun, Beschäftegung a Wirtschaft geréiert?
Där Fro ass d'OECD, d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, op Demande vun der Regierung op de Fong gaangen. Lëtzebuerg ass bis elo dat eenzegt Land, fir dat et sou e Rapport gëtt. De Bilan ass gréisstendeels positiv, ma et bleiwe Saachen ze verbesseren.
