Wéi kann een digital seng Saachen un d'CNS aschécken?
07/12/2022
Den Tim Morizet huet den Test gemaach
Leider huet de Succès vun der Digitalisatioun sech bei der Populatioun net esou séier duerchgesat wéi erhofft. Dat sot de Christian Oberlé, President vun der CNS, viru kuerzem bei eis um Radio, wou et drëm gaangen ass, dass een den Ament 6 Woche waarde muss, bis ee seng Dokteschrechungen, déi ee per Post aschéckt, rembourséiert kritt. Wann een dat digital géif maachen, hätt ee seng Sue bannent 3 bis 4 Deeg.