Euro Meet: Zweetgréisste Schwamm-Meeting europawäit

26/01/2023

400 international Medailen, Europa a Weltmeeschter wäerte vum Freideg bis de Sonndeg an der Coque, géinteneen untrieden.

De Serge Hollerich ass Direkter vum 2. gréisste Schwamm-Meeting, europawäit. 400 international Medailen, Europa a Weltmeeschter wäerte vum Freideg bis de Sonndeg an der Coque, géinteneen untrieden. En décke Batz Aarbecht, haalt iech unn, alles op bénéwoller Basis, an dat praktesch e ganzt Joer laang.

Nieft dem Opbau vun der Struktur, ass och de Kontakt mat den Athlete wichteg. Eng familiär Atmosphär gëtt appreciéiert. De Mykhailo Romanchuk, 1 mol Weltmeeschter, 6 mol Europameeschter, kënnt zanter 2012 reegelméisseg op den Euromeet.

De Ben Proud ass zanter 7 Joer eng valeur sure vum Euromeet. Den Englänner war d'lescht Joer Welt, Europa an Commonwealth Meeschter.

De Julien Henx kënnt no enger komplizéierter Saison erëm op Touren.

Fir de Serge Hollerich a seng Ekipp, wäert et kaum Zäit gi fir sech ze langweilen, vum Freide bis de Sonnden.

Topics