Manifest "One Planet Luxembourg" vum Nohaltegkeetsrot
29/01/2023
Klimakris. Biodiversitéitskris. Den Nohaltegkeetsrot rifft d'Gesellschaft op, en Vue vun de Walen, Drock op d'Politik ze maachen.
"Mir sti virun der leschter Legislatur, fir nach d'Kéier ze kréien", sou de President vum Nohaltegkeetsrot, de Romain Poulles. Als ee vun de klengste Staaten an Europa, hannerloosse mir Lëtzebuerger, effektiv e fette Foussofdrock, wat de Verbrauch u Ressourcen ubelaangt. Net just, awer och bedéngt duerch den Individualverkéier. A gutt 14 Deeg, op Vältesdag, ass nees Overshoot Day ugesot. 45 Deeg ginn also duer, a mir hunn all eis natierlech Ressourcë fir e ganzt Joer opgebraucht.