Akafstad Tréier: Vill Geschäfter stinn no schwéiere Joren eidel

13/02/2023

Op Treier akafe goen- eng typesch Lëtzebuerger Beschäftegung um Weekend. Mä och bei eisem däitschen Noper lafen d'Geschäfter de Moment méi schwiereg:

D'Nowierkunge vu Corona, d'Konkurrenz vum Online-Handel a Clienten, déi sech an Zäite vun Energiekris einfach manner leeschte kënnen. Dat alles dréit dozou bäi, dass d'Rechnung fir verschidde Geschäftsleit net méi opgeet. An esou ginn et och an der Tréierer Foussgängerzone ëmmer méi Butteker, déi eidel stinn.

Topics