1 Joer nom Krichsufank : Ukrainer integréiere sech zu Lëtzebuerg

22/02/2023

Milliounen Ukrainer hunn hiert Land an de Wochen a Méint nom militäreschen Iwwerfall vu Russland verlooss. Och a Richtung Lëtzebuerg.

Zejoert sinn eng 5.400 Ukrainer hei ukomm. Wéi liewe si hei am Land? Verschiddener hunn eng Aarbecht fonnt a probéieren, déi gängeg Sproochen ze léieren, fir sech ze integréieren. D'Valentine Patry huet ukrainesch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an hirem Alldag begleet.

Topics