Weltdag vun der Hygiène vun den Hänn
05/05/2023
Wéi wichteg et ass, sech reegelméisseg a gutt d'Hänn ze wäschen, dat hu mer spéitstens an der Pandemie geléiert.
Personal, Patienten a Visiteuren am Centre hospitalier Neuropsychiatrique krute gewisen, wéi een d'Hänn richteg wäscht an desinfizéiert, fir d'Iwwerdroung vu Krankheeten ze vermeiden. D'Resultat gouf mat Hëllef vun engem sougenannten HandinScan iwwerpréift.