Serie Stater Kierchen (2): Kierch vum Rollengergronn
16/08/2023
Enn d'nächst Joer lafen d’Konventiounen tëscht dem Kierchefong an der Stad Lëtzebuerg aus.
An deem Kontext huet déi Kierchefabrick, déi fir d’Kierch vum Rollengergronn zoustänneg ass, proposéiert, dëst Gebai net méi mat an d’Verhandlungen eran ze huelen. D'Katholicken hu keen Interessi méi un der Kierch, ma dofir huet zënter e puer Joer mat de Kopten aus Eritrea, eng op den éischte Bléck zimmlech exotesch Communautéit am Rollengergronn hiert Doheem.