Moveco fuerdert méi ëmweltfrëndlech Landwirtschaft
03/02/2024
Wéi geet et viru mat der Landwirtschaft? Dat huet an de leschte Woche besonnesch d‘Baueren an Däitschland an a Frankräich beschäftegt.
Protester mat dausenden Trakteren hunn d'Autobunnen zougesat a wichteg Verkéiersodere gekappt. Wärend déi eng haaptsächlech géint d'Kierze vu Subsiden an onfair Konkurrenz-Situatioune protestéiert hunn, sinn den 20. Januar awer zu Berlin och Leit op d'Strooss gaangen, déi sech fir en Ëmdenken an der konventioneller Landwirtschaft engagéieren. Mat dobäi war och d'Jugendsektioun vum Mouveco zu Lëtzebuerg.