D'Affär ProActif war um Donneschdeg virum Référé
28/03/2024
D'Riichterin soll decidéieren ob d'Entloosung vum Direkter Francois Georges, effektiv e Licenciement war.
Neen, seet den Affektot vum Concernéierten. Et géif nämlech e sëlleche Feeler a Form a Fong ginn. D'Kënnegung wier dowéinst net valabel a misst vun der Riichterin annulléiert ginn.
Alles wier korrekt gemaach ginn, kontert den Affekot vu Pro-Actif. A well de Juge de référé keng Enquête kéint machen, wier dëst Geriicht och guer net kompetent.
De 4. Abrëll fält d'Decisioun.