Trompettist Daniel Migliosi geet am 2. Album nei Weeër
09/05/2024
E Mëttwoch huet déi 12. Editioun vum internationalen Jazz Festival "Like a Jazz Machine" zu Diddeleng ugefaangen.
Et ass eng gutt Geleeënheet, ze weisen, wat déi national an international Jazzzeen haut ze bidden huet. Dobäi ass et och eng Méiglechkeet, generatiounsiwwergräifend Museker an engem Festival ënner ze bréngen. Dorënner och den 19 Joer jonken Trompettist Daniel Migliosi, deen elo scho säin zweeten Album rausbréngt. D'Patricia Baum huet de Museker an der Stad getraff.