2026 start den belsch-lëtzebuerger Astronaut Raphaël Liégeois an den All

26/05/2024

2021 huet d'ESA en Opruff gemaach, fir nei Astronauten ze fannen. Iwwer 22.000 Kandidaten hu sech gemellt, dorënner och 64 Lëtzebuerger.

Ënnert hinnen ass de belsch-lëtzebuerger Kandidat Raphaël Liégeois. Leschte Mëttwoch war et dunn d'Annonce, datt 2026 fir d'éischt d'Franséisin Sophie Adenot an duerno de Raphaël Liégeois op d'International Weltraum Statioun ISS fléie sollen.