Flüchtlingscamp zu Zaatari a Jordanien stéisst u seng Grenzen
02/08/2024
Zanter Joerzéngten ass Jordanien eent vun den Haaptziler vun de Leit, déi sech viru Kricher a Konflikter am Noen- a Mëttleren-Osten a Sécherheet brénge wëllen.
Iwwer 2 Milliounen palestinensesch Flüchtlingen an eng Hallef Milliounen Refugiéen aus Syrien si just schwéier ze koordinéieren. Finanziell Hëllef kënnt hei virun allem aus der EU an Nordamerika. An awer stéisst eent vun de gréisste Refugiécampen op der Welt zu Zaatari op seng Grenzen.