Policeinterventioun am Réidener Lycée
15/10/2024
Am Réidener Lycée gouf en Alarm ausgeléist, well vun enger Schülerin eng verdächteg Persoun gemellt gouf. D'Police ass direkt op d'Plaz gefuer.
En Dënschdeg um 10.50 Auer huet d'Police Entwarnung ginn. Et hätt een näischt Verdächteges fonnt an et hätt zu kengem Ament eng Gefor bestanen.
