Lëtzebuerger Wirtschaftsdelegatioun a China
25/11/2024
Eng Delegatioun ass vun e Méindeg bis e Freideg a China, mat un der Spëtzt dem Ausseminister Xavier Bettel an dem Wirtschaftsminister Lex Delles.
Zu Peking war e Méindeg eng éischt Entrevue mam chineeseschen Ausseminister.
Eng 80 Vertrieder vu Lëtzebuerger Entreprisen an Institutioune si bei der Rees dobäi, fir nei Geschäftsrelatiounen opzebauen. Dat virun allem am Beräich vun der Logistik, der Automobilindustrie, gréngen Technologien an dem Finanzsecteur. De Grand-Duché a China hunn zanter bal 50 Joer diplomatesch Relatiounen. Vu béide Säite gouf betount, datt d'Zesummenaarbecht tëscht béide Länner op géigesäitegem Respekt baséiert an nach soll ausgebaut ginn.