Iwwer 50 Chrëschtmäert maachen hei am Land an an der Groussregioun hir Dieren op

28/11/2024

Glühwäin, Raclette, Eise-Kuchen a Chrëscht-Bullen. D'Chrëschtzäit ass agelaut.

Op ville Plazen am Land lackelen d'Chaleten op de Chrëschtmäert mat kulinaresche Spezialitéiten an handgemaache Produiten. A wärend déi Grouss sech bei enger waarmer Taass opwiermen, freeë sech déi Kleng, fir zum Beispill en Tuer mam Karussell ze dréinen. Méi wéi 50 Chrëschtmäert kann een iwwert déi nächst Wochen hei am Land an an der Groussregioun besichen. Fir vill Leit ass et eng Traditioun.