An 10 Joer wëll d'Uni.lu 15 verschidde Spezialiséierungen an der Medezin ubidden
19/12/2024
Iwwer d'Fro, ob Lëtzebuerg eng Uni brauch, ass hei am Land laang an hefteg diskutéiert ginn. Haut gehéiert d'Uni.lu selbstverständlech zum Land.
Aus véier Instituten ass virun 20 Joer eng Universitéit ginn, haut huet d'Uni.lu hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft an International fonnt. An enger Spezialemissioun mécht RTL den Tour vum Campus Belval mam Rekter vun der Uni Jens Kreisel. E Campus, dee sech enorm verännert huet.
