Promoteur Oschterbour SA faillite: Proprietäre kënne kucken, datt se eens ginn

13/02/2025

Am Juli 2023 hu mer eng éischte Kéier iwwer den Immobilieprojet Ouschterbuer zu Uewerkuer bericht. Deen ëmfaasst 15 Appartementer a 26 Haiser.

Eng Partie vun de Leit, déi hei am Joer 2023 Haiser kaaft haten, hu sech doriwwer opgereegt, datt de Chantier net viru goung. Dat, well den internationale Promoteur Capelli d'Baufirmen net bezuelt huet. Mëttlerweil gëtt et een neien Ament. Mat der Oschterbour SA, déi zum Grupp Capelli gehéiert, ass déi Entreprise, déi de Projet realiséiere sollt, faillite.

Topics