Extrait Invité vun der Redaktioun: Nadja Bretz

19/02/2025

E Mëttwoch de Moie war Suicide bei Jonken Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter 50 Joer ass SOS-Détresse aktiv a bitt anonym Telefon-Berodung an Online-Berodung u fir Leit, déi Problemer hunn oder an enger Liewenskris sinn. Ronn 3.700 Appellen huet den Déngscht d’lescht Joer entgéintgeholl. D’Chargée de Direction Nadja Bretz war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Topics