D'Arméi sicht no Fraen
07/03/2025
D’Arméi sicht Leit. Si kann all Mann, mee och all Fra gebrauchen, déi de Rekrutement packt.
Mam zweeten nationalen Aktiounsplang fir d’Ëmsetzung vun der entspriechender Uno-Resolutioun sollen d’Efforten, fir Fraen fir d’Arméi ze begeeschteren, verstäerkt ginn.