Hausse vu Cotisatiounsjore gëtt och vun der Staatsbeamtegewerkschaft kritiséiert

14/05/2025

Fir d'CGFP ass kloer, datt et déi jonk Generatioune sinn, déi dat am meeschten ze spiere kréien, sou hire Generalsekretär Steve Heiliger.

Si misste sech elo schonn dorop astellen, méi laang schaffen ze goen. Méintelaang wär ee vertréischt ginn, elo géif d'Regierung hiert richtegt Gesicht weisen an domadder confirméieren, datt déi vill Debatte just eng Alibi-Funktioun haten.

Topics