Nei Gouvernance vu Science Center
20/06/2025
"Mir sinn elo an der Normalitéit an an der Transparenz!" - Dat gouf op enger Pressekonferenz vum Science Center vun der neier Gouvernance ënnerstrach.
Nodeems et Interessenskonflikter goufen an den Nicolas Didier am September zejoert als Direkter vum Luxembourg Science Center virun d'Dier gesat gouf, ass en Donneschdeg vun engem Neiufank geschwat ginn.