Foire Agricole zu Ettelbréck
05/07/2025
D’Landwirtschaft aus dem ganze Land trëfft sech, fir Promotioun ze maachen an nei Kontakter ze knäppen, erkläert de Gilles Schmit.
Dernieft wier d'Foire och geduecht fir dem Public ze weisen, wat alles hannert der Landwirtschaft stécht, fir datt se funktionéiert.
D’Foire Agricole zu Ettelbréck ass dëse Weekend de Treffpunkt fir de ganze Landwirtschaftssecteur. Méi wéi 330 Aussteller a 500 Déieren, Atelieren a Showe – fir Grouss a Kleng.
Dëst Joer leeft d’Foire zesumme mat der LUGA Gaardenausstellung, déi och eng Partie Projete presentéiert.
Bis zu 50.000 Visiteuren ginn iwwert de Weekend erwaart.