Extrait Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel

18/09/2025

D'Diskussioun, ob d'Recht op Ofdreiwung soll an der Verfassung verankert ginn, beweegt d'Gemidder.

"Ma wou si mer dann", sot de Kardinol Hollerich leschte Samschdeg an eiser Emissioun Background an huet net mat Kritik un der Iddi gespuert. "Mir sinn 2025, net 1700", huet de Vize-Premier Xavier Bettel um Radio gekontert. Eisen Invité vun der Redaktioun huet och op dem Luc Frieden seng Ausso reagéiert, deen als CSV-President sot, den Avortement sollt net als Recht, mee als Fräiheet an d'Constitutioun stoe kommen.

Topics