Film vun der Woch: Deliver me from nowhere vum Scott Cooper
26/10/2025
Mat sengem éischte Film mam Titel CRAZY HEART am Joer 2009 huet de Realisateur a fréiere Schauspiller Scott Cooper en Hommage un d‘Country Musek realiséiert.
16 Joer méi spéit, daucht de Cooper an d’Liewe vun enger Rock Legend an. DELIVER ME FROM NOWHERE ass e Film iwwert de Bruce Springsteen, ma et ass dofir awer nach laang keen traditionelle Biopic.
