Konferenz: Géingt déi organiséiert Kriminalitéit virgoen
11/12/2025
Dat war d'Thema vun enger Konferenz mam Inneminister Gloden, der belscher Nationaler Kommissärin fir Drogen an dem General Sekretär vun der Benelux Unioun.
"Mär mussen ëmmer e Schrëtt viraus sinn", d'Daten musse besser échangéiert ginn, esou de Minister. Lëtzebuerg bräicht genee esou wéi aner Länner e Législativen Kader,och wann d'Zesummenaarbecht tëscht den verschiddenen Acteuren elo scho gutt klappt, bräicht een eppes, dat a Steen gemeesselt wär.
