Extrait Invité vun der Redaktioun: Dr. Monique Reiff
11/06/2026
Et ass sécherlech néideg, dass Saachen ëmstrukturéiert ginn an dass mer och Sue spueren, mee et gëtt nach ganz vill Froen, déi net gekläert sinn.
Dat sot d'Dr. Monique Reiff en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun iwwer den neie Gesetzprojet 8760, deen et elo méiglech mécht, dass sech Dokteren zesummendoen, fir een ambulante Cabinet op d'Been ze stellen, deen awer un e Spidol soll gegliddert bleiwen.
