Film vun der Woch: DISCLOSURE DAY vum Steven Spielberg
DISCLOSURE DAY erzielt d’Geschicht vun engem Whistleblower, dee Geheimnisser iwwer ausserierdescht Liewe wëll verëffentlechen.
Den Informatiker David Kellner ass op der Flucht, well hie Geheimnisser iwwer ausserierdescht Liewe well verëffentlechen. D’Tëleespresentatrice Margaret Fairchild, déi mat der Affär näischt ze dinn huet, ass op eemol telepathesch mam David verbonnen. Wärend déi zwee, gespillt vum Josh O’Connor an Emily Blunt, versichen ze verstoen, wat grad mat hinne geschitt, geet eng Course géint d'Zäit un, bei där et drëms geet, d’Wouerecht public ze maachen éier fir d’Mënschheet ze spéit ass.
Mat Disclosure Day beschäftegt de Steven Spielberg sech nees eng Kéier mam Thema Aliens a stellt sech dës Kéier d’Fro, wat d’Revelatioun vun hirer Existenz mat eis géing maachen. Den Zenarist David Koepp bréngt et dobäi fäerdeg, aus alen an neien Elementer vun der UFO-Mythologie eng kohärent a spannend Geschicht ze strécken, déi versicht, e Message vun Optimismus an Empathie ze vermëttelen. Dass de Film dobäi mat Momenter e bëssen naiv eriwwerkënnt, ass vläicht och en Zeechen dofir, wéi d’Welt sech säit der Sortie vu Close Encounters of the Third Kind am Joer 1977 verännert huet.
