Max Hahn: ONA-Struktur ass temporär Wunnméiglechkeet a kee bezuelbare Wunnraum

22/08/2026

E puer Méint ass et hier, datt eng Struktur fir Refugiéen zu Esch huet missen zougemaach ginn, well do e Feier ausgebrach war.

Den Ament gëtt d'Struktur renovéiert. Eng 40 Refugiéeën, déi do gelieft hunn, hu misse relogéiert ginn. De Problem: Vill Strukture si voll an eidel Better ginn et kaum. E puer vun de Concernéierten hunn deemno missen eng länger Zäit an der Zeltstad Tony Rollmann um Kierchbierg verbréngen. Ee vun hinnen huet sech rezent an engem Bréif perséinlech un d'Regierung adresséiert.