KannaNiuuss vum 18. September
D'Vakanz ass eriwwer: 60.508 Kanner sinn dës Woch nees an d'Schoul gaang, ënnert hinnen d'Dasha a Liza, zwee Meedercher déi aus der Ukrain misste flüchten.
An de KannaNiuuss schwätze mir och iwwert d'Queen Elisabeth, déi d'lescht Woch am Alter vu 96 Joer gestuerwen ass. Mir stellen d'Fro ob den Telefon schlecht ka si fir d'Gesondheet, mir kucke wéi schlëmm d'Iwwerschwemmungen am Pakistan sinn a mir soen Iech wat e Klima-Biergerrot ass.
