KannaNiuuss vum 15. Januar

An de Kannaniuuss interesséiere mir eis haut fir de Wollef, fir Kannerbicher, fir d'Walen, Protester an engem Duerf an Däitschland a fir de Rees-Pass.

An der éischter Kanna Niuuss Sendung vum Joer 2023, gitt der gewuer wéi eng Kannerbicher d'lescht Joer am meeschte verkaf gi sinn, firwat mer dëst Joer vill iwwert Politik wäerte schwätzen, wat am Duerf Lützerath an Däitschland lass ass a wou een iwwerall mat engem Lëtzebuerger Pass hireese kann. Zesumme mam Lea maache mer eis och op d'Sich no Wëllef.