KannaTivi vum 11. Mee 2025

11/05/2025

Haut ass weltwäiten "Iess wats de wëlls Dag" an dorobber hu sech d'Kim an eis Alie Frënn schonn e ganzt Joer drop gefreet

Wann eis Alie Frënn an engem Restaurant Iesse bestellen, dauert dat galaktesch 10 Sekonne bis alles um Dësch steet. An um weltwäiten "Iess wats de wëlls Dag" dierf och emol iwwerdriwwe ginn.

Weess de Wat?!: Schräiner - Deel 1
De Joé brauch fir seng Blummen eng Vas, mä et muss eppes ganz spezielles sinn. Säin éischte Wee féiert hien bei e Schräiner.