Kannativi vum 1. Februar 2026

01/02/2026

D'Erza an de Klaus spillen "Wourecht oder gekréckelt" De Klaus fillt sech schonn als grousse Kréckelmeeschter, mä seng Schwëster ass och mat all Waasser gewäsch

Dino Tino & Lucy 16 Lucy mëffelt
Den Tino an d'Lucy hunn sech erkalt. Déi zwee richen a schmaachen näischt méi. Duerfir mierke si och net, dat dat klengt Hausmeedchen fierchterlech mëffelt. Bis den Tino vu senge Frënn drop opmierksam gemaach gëtt. Esou einfach léisst d'Lucy sech awer net wäschen

WDW Olympia
Vum 6. bis den 22. Februar sinn d'Olympesch Wanterspiller an Italien. Wien awer dierf iwwerhaapt dorunner deelhuelen? Och Lëtzebuerger sinn dëst Joer vertrueden an hunn an der Vergaangenheet och schonn déi eng oder aner Medaill gewonnen.

Quatschkäpp 16 D’Land ënnert dem Bett
Zenarist: Philippe Traversat
Säitdeem säi Petzi ënnert sengem Bett verschwonnen ass, huet d'Pamela Schwieregkeeten anzeschlofen. Mathëllef vum Olive maache sech d'Quiquoien ënnert dem Bett op d'Sich no him. Nodeems si ville Geforen entkomm sinn, fannen si de Petzi nees erëm, dee glécklech ass a säi Liewe komplett verännert huet.

Kannaniuuss