Kannativi vum 1. Mäerz 2026

01/03/2026

De Klaus gëtt gären un ewéi eng Tuut plakeg Mécken a beim Erza geet eng Späicherliicht op.

De Mish ass iwwerzeegt, dat hien awer nach all Taasen am Schaf huet. Alles gecheckt?

Dino Tino & Lucy 18 Den DinoKino
Den Tino huet d'Iddi fir e Kino opzemaachen. Do lafen awer just Grujelfilmer, selwer vun him produzéiert. Um Enn huet awer d'ganzt Duerf Angscht virun de Schiedmonster. Fir si ass et schwéier ginn, tëscht Realitéit a Fiktioun ze ënnerscheeden.

WDW Uewerflächespannung
An e puer intressant Experimenter erklärt de Joé eis firwat eng Bürosklamer um Waasser schwëmmt a wéi Waasserdrëpsen entstinn.

Quatschkäpp 18 - Zauberbengelen
De Raoul däerf keng Videospiller spillen. Säi Papp zielt him, dass hie sech fréier stonnelaang mat engem Aascht amuséiert huet. D'Quiquoie langweilen sech, an d'Olive zeechent hinnen Äscht. Op eemol bemierken si, dass et a Wierklechkeet Zauberstief sinn. Et kënnt zu Streidereien, de Raoul huet e Läffel amplaz vun engem Aarm an d'Pamela huet e Schnauz op der Stier. Zum Gléck wäert d'Olive, wat wärenddeem gemotzt huet, si aus dëser onglécklecher Lag befreien.

Zenarist: Laurent Rivelaygue