Kannativi vum 22. Mäerz 2026

22/03/2026

De Klaus profitéiert vum internationale Faulenzer Dag a schléift ganz vill a laang.

Woubäi hien awer déi ganzen Zäite schnaarcht. Seng Alie Kolleege si genervt a loossen sech eppes afalen.

Dino Tino 21: Eng cool Këscht
Dës Kéier suergt eng hëlze Këscht fir e klenge Sträit. Déi huet emol der Lady Lava gehéiert, elo ass et awer dem Lucy seng nei Spillkëscht. Ob den Tino mat senger Iddi fir Fridde suerge kann?

WDW Kniddelen
Dem Mil säi Liblingsmenu si Kniddele mat Äppelkompott. Bei der Präparatioun kuckt hien dem Ferni net nëmmen iwwer d'Schëller, mä paakt selwer eng Hand un.

Quatschkäpp 21 Dee komesche Reebou
D'Pétole an d'Pamela maachen sech op engem magesche Pony op d'Sich no engem Schaz, den um Fouss vum Reebou vergruewen ass. D'Quiquoie probéieren, si erëmzefannen, ënnerstëtzt vum Ritter mat der Schubbkar, mee matten am Bësch begéinen si dem Robin des Doigts...
Zenarist: Philippe Traversat

Kannaniuuss