Kannativi vum 7. Juni 2026

07/06/2026

Wann de Kommandant zum Klaus seet: Schwätz net ronderëm de Bräi! dann heescht dat Komm op de Punkt! Mä dem Erza säi Bridderche verléiert dacks de Fuedem

Dino 27: d'Zukunfts Lucy
Ganz Knubbeldeng ass an Opreegung. D'Lucy kann anscheinend an d'Zukunft kucken an negativ oder positiv Saachen am Viraus molen. Dofir gesinn d'Awunner hatt elo als Glécksfee. Wat awer kee weess, d'Lucy hat chineesesch Gléckskichelcher giess.

WDW: Earth Overshoot Day
Earth Overshoot Day, dat heescht dat eist aktuellt Konsumverhalen d'Äerd a Gefor bréngt. Et ginn awer och nach aner gréisser Problemer. Mä jiddwer eenzelne vun eis kann säin Deel dozou bäidroen, dat eis Äerd "gesond" bleift.

Quatschkäpp 26: Am Land vun de Roboteren
D'Quiquoien hunn et e bësse sat, dauernd hir Zëmmeren opzeraumen. Et wär vill méi einfach, wann et Roboter géif ginn, déi dat fir si maache géifen. Si sëtzen sech op d'Bett mat Féiss, wat d'Olive gezeechent huet, a scho geet et lass an e Land, an dem Roboter all Aufgabe vun de Mënschen iwwerhuelen, déi faul an déck gi sinn, well si näischt méi maachen. Et stellt sech eraus, datt dat am Endeffekt net esou flott ass, a si musse kucken, vun dëser Plaz nees fortzekommen.
Zenarist: Laurent Rivelaygue

Kannaniuuss