Kannativi vum 21. Juni 2026

21/06/2026

Ausgerechent fir Nationalfeierdag muss de Klaus an d'Schwäiz op eng Missioun.

Hien ass doriwwer net erfreet, bis dat de Mish him erkläert, dat do gejodelt gëtt. Holidihi, Holadiho!!

WDW Fotografie
KI spillt och an der Fotografie eng grouss Roll. Fréier gouf einfach drop lass geknipst, haut och nach, mä mat kënstlecher Intelligenz gëtt praktesch aus all Foto e Konschtwierk gezaubert. Mä opgepasst! Mat der Realitéit huet dat wéineg ze dinn.

Dino 29: Den Danzpaleofski
Den Tino huet en Trafikkulator erfonnt fir de Polizist vu Knubbeldengen ze entlaaschten. Dee fillt sech awer elo ausgeschloss a kënnegt seng Déngschter. Elo huet hien Zäit fir senger Passioun nozegoen, nämlech Danzen.

Quatschkäpp 28: En erfonntene Frënn
D'Olive zeechent en imaginäre Frënd fir d'Pamela. Dëse Frënd ass e grousse Bretzert, den och en Zauberstëft huet. Hie gëtt d'Olive lass an entféiert d'Quiquoien an d'Land vun der Fantasie. Mee well hien net capabel ass, eppes ze erfannen, bréngt hien si an eng immens penibel Situatioun.

Zenarist: Philippe Traversat