Kannativi vum 12. Juli 2026
Op der Tikitaki Insel ginn et just Tapas z'iessen. Dobäi hätt d'Suzy awer mega Loscht op eng Gebeesseschmier.
De Klaus léisst et sech awer gutt schmaachen a kritt um Enn nach den Hick.
Dino 32: Dino Level
Madame Lava wëll sech vun hirer Edelstengsammlung trennen. Den Tino a säi beschte Frënd sollen e Spill draus maachen fir alles ze entsuergen. Mat Hëllef vum Kranusaurus bauen si dorauser eng flott Spillplaz. Dat gefält der Madame Lava awer guer net.
WDW: Réikitz
Zesumme mat 3 Jeeër mécht de Joé sech op d'Sich no Réikitzen. Si loossen awer hirt d'Gewier doheem a si mat enger Dron ënnerwee. Déi kleng verstoppen sech gären am héije Graas. Esou zimlech geféierlech, zumools wann de Bauer bis ufänkt mat Méien.
QUATSCHKÄPP 31: d’Gielkäppchen
D'Pétole huet d'Märchen, wat si der Joffer den Dag drop sollen ofginn, net geschriwwen. D'Olive zeechent en al Märchebuch an dorauser kënnt d'Micheline, dat klengt Gielkäppchen. Hatt soll senger Bomi, enger Hex, e klengt Dëppche Gel an eng Méckebaatsch bréngen. D'Quiquoien hëllefen him, duerch de Bësch ze kommen an de Wollef ze evitéieren.
Zenaristen: Laurent Rivelaygue an Olivier Tallec
Kannaniuuss
