Kannativi vum 20. September 2026
Fir de Mish, de Klaus, d'Erza an d'Suzy ass d'Vakanz och nees eriwwer. Déi 4 Aliens bereeden sech op hir Missiounen am Weltall vir
Quatschkäpp Episod 32:
De Schnéimännchen deen net schmëlze wëll
Et ass Wanter an et läit nach ëmmer kee Schnéi, wat fir eng Enttäuschung. D'Olive moolt den Himmel gro, an op eemol brécht e Stuerm lass. Ëmsou besser, da kënne si e Schnéimann bauen, den si Bernulf nennen. Mee d'Sonn kënnt nees eraus an de Bernulf fänkt u mat schmëlzen. Séier, drot hien op de Sommet vum Bierg!
Zenaristen: Laurent Rivelaygue an Olivier Tallec
Weess de wat?! zesumme mat GEOLINO TV
Gebai vun der Zukunft
An der Zukunft wäert a muss sech villes veränneren. Mir weisen iech e puer Gebaier, déi net nëmme vu bausse flott an aussergewéinlech ausgesinn. Heibäi spillt nämlech och de Klimaschutz eng gréisser Roll.
Dino Tino 33
Luc erfënnt
Lucy mécht super cool Erfindungen. Dorënner och eppes dat een sech d'Fangeren net méi un enger waarmer Gromper verbrennt. Mä net all gutt Iddi hält wat se versprécht.
