"Alcarràs" vum Carla Simòn
Mat hirem éischte Film (Eté ’93) huet déi spuenesch Realisatrice am Joer 2017 de Präis vum beschten éischte Longmetrage op der Berlinale gewonnen.
5 Joer méi spéit konnt si mat der Familljechronik "Alcarràs" (Nos Soleils) de gëllene Bier zu Berlin gewannen.
Et ass d’Geschicht vun enger Famill, déi géint d’Ausstierwe vun der Landwirtschaft wéi si se kennen ukämpft. Ugedriwwe vun der Authentizitéit vun den Dekoren an all den net professionelle Schauspiller, déi hei fir d’éischt vrun der Kamera stinn, ass dëse Film en intimen, melancholeschen an immens beréierende Portrait vun enger Famill, déi bis ewell an Harmonie mat der Natur gelieft huet an déi Affer vun der puerer Konsumgesellschaft gëtt.
